De grousse Rendezvous mat der Aktualitéit vum Dag, national an international. Dat Wichtegst vun de leschte Stonne kuerz zesummegefaasst. Mëttwochs um 20 Auer ass et de Rendezvous mat der RTL-Redaktioun. Am Interview, dem Reportage oder am Face-à-Face gi mer aktuellen Serie star en streaming ob de Grond an haken no.

Previsiounen, Kaarten an Analysen, presentéiert vum Joelle Kirsch a vum Valérie Wagner. Kuerz a knapp, d’Wieder vun hënt a vu muer am Résumé. An eiser Summer-Serie testen eis Journalistinnen Deborah Ceccacci an Anouk Siebenaler flott Aktivitéiten déi een a senger Fräizäit zu Lëtzebuerg oder an der Groussregioun maache kann. Mat dobäi och ëmmer ee bekannte Lëtzebuerger Gesiicht: Vun Extrem-Sportaarten iwwer méi gemittlechen Aktivitéite fir grouss a kleng. Ma wou ginn et hei am Land déi schéinsten Terrassen?

Am Terrassentour presentéiere mer iech 6 Restauranten op verschiddene Plazen am Land, wou een de Summer sou richteg genéisse kann. Aktuell Themen, Personnagen, Eventer an dat wat d’Leit beweegt. 30 Minutte mat Reportagen, Live-Interventiounen an Invitéeën. E flotte Mix aus aktuellen Themen an interessante Leit. Themen déi eis all beschäftegen, wëssenschaftlech hannerfrot vum Olivier Catani an der Equipe vum Magazin. Emissioun vum Caroline Mart ronderëm déi Themen, déi jiddereen am Alldag betreffen. Mat Invitéen aus der Lëtzebuerger Gesellschaft an der Politik.

De Larbi, de Mergim an de Vincent hunn e gemeinsamen Dram. Déi dräi Schoulofbriecher gesinn d’Arméi als lescht Chance, fir eppes aus hirem Liewen ze maachen. Dofir mussen se awer zwee Opnamexame packen: ee schrëftlechen an ee Sportstest. Eng Erausfuerderung fir déi jonk Männer, déi op der 9ème mat der Schoul opgehalen an zanterhier mat Léieren näischt méi um Hutt hunn. 6 Méint laang hu mir se bei hire Preparative begleet. Skurril Anekdoten a Personnagen déi ee scho bal vergiess hat.